Maskénada präsentiert eine Theatrale Performance;
Regie: Tammy Reichling
MammOmmaM ass e Stéck iwwert d’Roll vun der Mamm, méi genee iwwert d’Relatiounen tëscht Mammen an hiren Duechteren.
An dësem biographeschen Theaterprojet geet et ëm Bezéihungen tëscht Mammen an Duechteren: Wat erzielt déi Bezéiung iwwert d’Roll vun der Fra an hierer Entwécklung iwwert déi lescht 70 Joer?
D’Stéck baséiert zum Deel op autobiographeschen Erziehlungen vun de Bedeelegten, déi a Perspektiv gesat ginn zu soziologeschen an historeschen Elementer zu Lëtzebuerg. Well ee sech d’Froe stellt: Wéi war et fréier, firwat ass et haut net méi esou? Wien zielt d’Geschichten a wéi? Wiem seng Stëmm héiert een, wiem seng Stëmm bleift stomm?
Kreatioun a Regie:
Tammy Reichling
Text:
Claudine Muno
Recherche an Performance:
Mady Durrer, Fabienne Hollwege, Rahel Jankowski, Piera Jovic, Lou Krier a Catherine Richard
Regieassistenz:
Rahel Jankowski
Film:
Catherine Richard
Produktiounsassistenz:
Gabrielle Antar
Kostume an Bühnebild:
Sophie Meyer
Assistenz:
Isabeau Sandkühler
Sound Design:
Luka Tonnar a Christian Welter
Technik:
Bert Marijsse (Amplitude)
Eng Produktioun vun:
MASKéNADA